Page:Renert oder de Fuuss am Frack an a Ma'nsgrësst.djvu/62

This page has not been proofread.
- 47 -


Wie mat dem Fuuss wëllt danzen,
Huel d'Ae sech an d'Hand:
Weil wien e kritt gelueden,
Deen huet e béise Stand.

De Renert ass ganz héiflech,
Glat Wieder sinn em léif:
Mä 't daarf een hie beileiwen
Net trieden op eng Zéif.

Da gitt a Gottes Namen,
Sot du zum Dachs de Léiw,
A sot, et wär kee Rot méi,
Wann hien net komme géif.

E Kinnek, dee muss denken,
Wann alles ëm e riet;
E Kinnek muss och rieden,
Wann een ëm d'Recht e biet.