Page:Renert oder de Fuuss am Frack an a Ma'nsgrësst.djvu/94

This page has not been proofread.

Sechste Gesank.

Wann d'Lige fléie kënnten,
Di Renert du erduecht:
'T géif däischter ëm de Mëtteg
Als wi ëm Hallefnuecht.

E sot: De grousse Sigfrid
Vu Lëtzebreg, de Grof,
Deen hat e Geldspill, heescht et,
Vu kengem Gläich erof.

En hat et kritt vum Däiwel,
Deem hat en sech verschwuer.
Mäi Papp, als wi de Sigfrid,
Goung duerch dat Geld verluer.

Et loug enzwou begruewen,
Schuns iwer dausend Jar,
Em d'Uelzecht an de Fielsen,
Ech weess di Plaz net klar.