De Krich dre't seng Schrècken
Dem Comité de Secours zu Letzeburg mat de'wem Rèspekt zo'erkannt.
Original Schreifweis
De Krich dre't seng Schrécken vu Land zu Land
A wo' e passe'ert stèt d'Wèlt a Brand.
A metten drann, an dém greilechen Hèrd,
Leit fridlech onst Steckelchen Hèmechtsèrd.
Mir hu kaum ze leiden u Liéwen a Gutt
Ann all ronderem ons leit Menschhèt am Blutt;
Ann all ronderem ons èn Tremmerhaf,
E gro'sst, è fiérchterlecht Massegraf.
Ge'nt all de Verbriéchen vu Rach, Hass a Neid
Do sti mir net me'sseg elèng op der Seit.
He'ch gelt ons d'Gesètz vun der Menschlechkèt;
Duorfir kommt heihinnen dir mat èrem Lèd.
Mir hèlen èr Wonnen, mir stellen èr No't,
Mir gin ère Kanner rem Obdach a Bro't.
A go'f iéch vu Schrècken èrt Hoer schne'weiss.
A go'f iéch èrt Hiérz och vu Kommer zu Eis;
Bei ons fant dir Hèltem fir ère Schmiérz,
Ons warem trei Le'ft de' entdèt rem èrt Hiérz.
Ann ass dann eriwer dié miérdrische Streit,
A schreiwt dir d'Geschicht vun dér schwe'rer Zeit
Wo' d'Welt gong durch No't an durch Schrècken erdurch,
Da nennt och an E'ren onst Letzeburg.
Januar 1915.
Demy Schlechter (1884–1923)