DIES IRAE.
Dâg vum Zoiren, vum Entsètzen ,
Dèn a Flamen d'Zeit wèrd sètzen ,
Wé et soh Prophéte-lètzen !
Wât en ziddre gêht do wièrden ,
Wann de Richter kömt ob Ièrden ,
Kömt ze wiälen a seng Hièrden !
Wann d'Trrompètte wèrde schalen ,
D'Dóden aus de Griäver walen ,
Vir dem Richterstul ze halen
Grause werd dan d'Wèlt durchlâfen
Wa sech d'Kréaturen hâfen ,
Antwûrt vir Gericht ze schâfen.
Alles ass genau ze fannen ,
drannen
Wât ze loésen an ze bannen.
Vir dem Rîchter senge Blecken ,
Werd an d'Lîcht d'verboirgenst recken,
Neischt entgohn den Urtels- stöcken.
Wé -wât soll ech arme rièden ,
Wien öm Roth a Beistand bièden ,
Wó d'Gerèchteg seit aus trièden.
Hèrr -- du Bur vun alle Moichten ,
Lòs bei dir öm Gnod mech troichten ,
Net um Trénen-Dâg verschmoichten.
Dû dè quóm herov ob Ièrden ,
Flesch für onser Hêl ze wièrden ,
Jesu! Gnòd lòs du meeh frièden !
Strenge Richter aller Sönnen,
Hei Verzeihong , lòs mer gönnen ,
Ér as d'Hoffnongs- Doh zerrennen.
Kuck meng Reu - - Si brènnt wé Kièrtzen ,
Kuck , wé d'Sön mech. fresst am Hièrtzen,
Gott erbarm dech menge Schmièrzen !
D'Mudder Marja, dèn erhoéert ,
Den de Schächer jo bekéert ,
Hoffnong hoit och mech geléert.
Neischt verdengt mei mâtegt Bóssen,
Nur deng Guthêd ka mech stossen ,
Vun den Hoèlle-Bränn a Glósen.
Önner dengen treue Knièchten ,
Hèrr , geschide vun de Schlièchten ,
Lòs mech stohn zu denger Rièchten.
Wann dé Boéseg önnersenken ,
Éweg Glós a Qual ze drenken ,
Wöls mer dan zur Loésonk wenken!
Mat zerqueschtem Hièrze waènnen ,
Gott ! zu dir , ech do meng Hännen ,
Stéh mer bei am lèschten ènnen.
Foéher mech an d'éwegt Lièven ,
Da, wann d'Dóde sech erhièven ,
Rechenschaft vir dir ze gièven.