Original Schreifweis

Si sin net mat Me' a Suorgen
Opgedriwe gin am Gârt;
'T huot mat Strcnz a Spuot ké Giértner
Kenneg hinnen opgewârt.
Bei der Hàck, tescht Där a Bre'men
Hun se sech erdurch gedreckt
An a muonche me'ssge Stonnen
Hun ech do mer se gepleckt.
Aus den Där an aus de Bre'men,
Blum fir Blum a Blat fir Blat,
Hun ech se gesicht zesummen
Bis e Pâck dervun ech hat.
Hu nach ronderem gebonnen
Ro't a weiss a blo e Band
An so' gin ech, le'we Liéser,
Dir de' Blimercher an d'Hand.
Loss se nun och net verkommen,
Sie'f e besschen hinne gutt,
Well fir dech sin se gepleckt gin
Mat eso' vil Loscht a Mutt.
Loss se hèmlech dir verziélen
Vun der Hèmecht, vun der Le'ft
Oder wat nach soss am Liéwen
Ons begleckt ons d'Hiérz bedre'wt
Loss se pespern, loss se babbeln
Wa vleicht kennesch gnuonchtnol och
Sié'f e gut ewel se schwètzen
Jo ons hiérzeg Hèmechtssprôch.

Demy Schlechter (1884–1923)