Ons Freihèt
Original Schreifweis
Ons leit de freie Gèscht am Blutt
Verhâsst ass ons all Zwank
Fir d'Freihèt, fir onst hélegst Gutt
Soe mir dem Himmel Dank.
Wann och vun ons, mat knapper No't,
Sech muonch èn schle't erdurch;
Zefridden esst en dach sei Bro't,
Am freie Letzeburg.
Wann aner stolz sin op hir Muocht
De' gonne mir e giér,
Well iwer ons hällt treilech Wuocht
En hèlle Fridensstiér.
A bauen si mat Wäll an Tir
A Schanzen sech èng Burg,
So' secher sin si net we' mir
Am freie Letzeburg.
Wat notze Kraft a Gidder reich
Wann d'Hiérz net frei ka schlon.
Kè Volek kent u Gleck ons gleich
Dat duerfe stolz mir son.
È Wonsch gèt we' aus èngem Monn
Zu Dém do uowen hin:
„Loss viru blenken d'Freihèssonn
De' mir so' lâng gesin.“
Demy Schlechter (1884–1923)