Operettsliddchen vun de Wäschfraen

I. Bild: De Letzeburger Klatsch

Original Schreifweis
Weis: Wein, Weib, Gesang

Woû hei an der Stât an och nach soss um Land,
Schmotzeg Wasch ze machen, si mir gleich bei Hand,
Wé ons Gabber flét a schlét och onse Bleil,
Oni Roû a Rascht, well mir hun emmer Eil.

Ballet. 

Wien ons hei ennert d'Fangre fallt,
Fir dén huôt sicher et geschällt, 
E get gezappt,
E get geklappt,
E get geblét,
An ausgedrét.
E get geschwenkt,
Zum Enn en henkt,
Ganz oûni Fleck,
Op enger Heck,
A bleiwt nach fleicht eng Spretzchen drun,
Da fenke mir vu neiem un.
E get gezappt, etc., etc.   

Demy Schlechter (1884–1923)