351753Renert1872Michel Rodange

Zéngte Gesank.


Drop schlaufen déi zwéi Kompren
Duerch Gruechten an duerch Sanken.
Se féiren an de Käppen alt
Allerhand Gedanken.

Ma, Monnonk, sot de Grimpert,
Dir dreift et dach ze béis:
Kaum frai, da faalt der ëmmer
Erëm op d'selwecht Féiss.

D'Geleenheet, sot de Renert,
An d'Bäispill maachen d'Déif,
An dee misst sinn en Hellgen,
Deen hett onschëlleg bléif.

E Mann, deen duerch e Bësch geet,
Mécht oft e feele Schrack;
A wie mat Hunneg handelt,
Dee leckt sech d'Fanger dack.

Mä kuckt, 't ass meeschtens Iirtom,
Wann niewelaanscht ee geet,
Wuerfir, wa kee géif feelen,
Wir dann och Rei a Leed?

Den Hiesche war sou mockleg,
En ass dohier getoopt, ech konnt
Mech net enthalen,
Du hunn ech duergekroopt.

Wat soll ech ower maachen?
De Feeler ass nun do;
Well d'Loscht' déi koum zum éischten
An d'Rei koum hanneno.

A wa mer 't och bedenken:
'T läit alles déif am Pech;
Well d'Schelmerei am groussen,
Déi mécht am klenge frech.

Wann s'alleguerte rappen,
No engem ale Sproch,
Um allgemengen Heehauscht,
Da rappt en aner och.

Vun uewenu bis ënnen
Geet Léien a Bedroch,
Vu Roum bis no Hannover,
Wi hei am Ländchen och.

Den Huer, de Bier, de Wollef,
Se stielen, datt et flaamt:
Grouss Schelme gi veréiert,
Di butzeg gi verdaamt.

D'Welt ass e Sak voll Kriibsen,
Wou een deen aner zwéckt;
Di iewescht gi gejuppelt,
Di ënnescht ginn zerdréckt.

Ja, Monnonk, sot den Dächschen,
Wuel wouer ass ier Ried.
Ma bei dem ville Schwätzen
Vergiesst net, wuer der triet!

Friem Feeler kritizéiren
Ass etlechmol wuel gutt;
Bedenkt dir och derniewent,
Wat dir alt loosst an dutt?

Wien d'Gaassen all wëllt kieren,
Dee fënnt dees Dreck eng Mass;
Wien d'Boxen all wëllt flécken,
Behéil seng egen zrass.

E jéide wëllt haut pried'gen
Vum Bauchstull héich erof;
A weess net, datt de Schéifer
Dach kliger ass wi d'Schof.

Sou heescht et, sot de Renert,
Ech gläwen dat souguer:
Well d'Schéifre, kuckt, déi schieren,
An d'Schof' déi gi geschuer.

Wann d'Häre Bire schëdden,
Dem Vollek gët et baang:
Dat gët derbäi als Klëppel
Gebraucht an och als Staang.

Wann d'Kinnécken sech streiden,
Huet d'Vollek d'Saach um Leif;
Dat dengt derbäi als Kugel,
Als Schëld an och als Scheif.

'T léiss vill sech do verbessren,
Ma d'Welt leeft ëmmer kromm:
Wat d'Hären ze behenn sinn,
Da's d'Vollek och ze domm.

Hunn ech e Mengen Hieschen
Om Dësch' da sinn ech frou:
Wie gët dem Léif, dem Tiger
Dann d'Recht nach un eng Kou?

Se so wuel: Fuuss begann dech!
A wëll ech mech begannen,
Da frieren an de Pelz mer
Hir Pratze vir an hannen.

De Räiche kann alt domm sinn,
Da wäerd en nach gedeien;
Ma d'Dommheet bei em Aarmen
Ass guer net ze verzeien.

Déi Topeg halen d'Stroossen.
Fir mech, ech léiwen d'Schlëff:
Am Bësch, do mécht en aner
Déi allerbeschte Grëff.

Ech hunn meng Deeg gelies vill
An allerhand stodéiert
An endlech och dat Giedlechst
Als Grondsaz ausgeschnéiert.

Ech mouch mer eng Scholastik,
Voll Lächer wéi meng Buerg --
Eng Seibar vu Gomm'lastik,
Do bréngt een alles duerch.

Se liicht als wi eng Trauliicht
A keemol op de Grond;
Fir d'Wourécht ze vertoppen,
Näischt Bessres gouf erfond.

Se ass eng fei Magnéitnol
Vun Holz, amplaz vun Eisen,
Drop kann een dann den Nordpol
Do, wou ee wëllt, iech weisen.

Se gläicht dem Klautjesriedchen:
Dra setzt de Mann eng Kaz,
Déi mengt, se géif entlafen,
A kënnt net vun der Plaz.

Verstand kënnt mat de Jaren,
Mir koum en alt mam Baart:
Da kuckt ee groussen Hären
Dack heemlech jo an d'Kaart.

Wann déi Geléiert rieden,
Da mengt een nach, wat wonnesch:
Se hale wuel op d'Bravheet,
Dach op de Su besonnesch.

Se kennen och Scholastik,
An d'Karte gi geluegt:
Do ka kee Streech verluer gon,
Besonnesch an der Nuecht.

Hir Wierder sinn wi d'Waasser,
Dat passt jo an all Dëppen;
Wann d'Iddië gefruer sinn,
Dann dron se s'an de Grëppen.

Stachdaischter man hir Rieden,
Hir Konscht ass bal allmächteg;
Se schmiert iech zou mat Mastik
Ier Aen' a ganz prächteg.

Se kënnen iech beweisen
An do ass näischt ze gecksen --
Heekreep wiren Hellgen,
All aner nëmmen Hexen.

A fänken s'un ze schwätzen
Vun deem, wat d'Mëllech notzt,
Dann hunn se vun all Brachen
Schuns laang de Schmant gebotzt.

Ech hunn aus dene Konschten
Dat Giedlechst mer gesuen
An och bis heihin ëmmer
Mech gutt erausgezuen.

Kuckt, d'Dommheet ass e Gäertchen,
Dra wiisst di beste Speis:
Den Efalt muss ee mästen,
Da gët e keemol weis.

De Schäin, deen ass nun Herrgott,
Dat anert ass all näischt,
A fir e Mann ze weien,
Da leet op d'Wo seng Fäischt.

Et ginn duerch d'Welt zwéi Weën:
Sief Wollef oder Schof!
E gudde Fuuss ass béides
Als echte Philosoph.

Ech dun di ronnsten Eter,
Meng Dote si Gefautels,
Ech wëll am Dréiwe fëschen
An halen op d'Gepautels.

Ech schwätze géint d'schlecht Sitten,
Ech stelle mech skrëpléis
A wieren dach fir d'Schelmen
Um Enn mat Hänn a Féiss.

Wat läit mir un de Sitten,
Hu meng Papeire Kurs!
De schéinste Credo sangen
Meng Dal'ren an der Burs.

Haalt meng Partei, dir Schurken,
A maacht da, wat der wëllt:
De Braavste sief och géint mech,
Da gët en dout gebrëllt.

D'Erfaronk seet mer däitlech:
Fir ëmmer ze gewannen,
Da soll een sech dat Geestlecht
An d'Weltlecht gutt verbannen.

Dat Geestlecht ass mir d'Dëppen,
Dat Weltlecht ass de Brot;
Dat Geestlecht deet ee kachen,
De Maufel ass d'Genod.

Da kann ee frumm jo stielen,
Als wéi de Miller Schranz:
Dee stréckt un d'Molterschossel
En décke Rousekranz.

Mä kritt hien een ze paken,
Deen dréckt en hol a blo.
A wann en d'Schof gefriess huet,
Da schenkt hie Gott de Mo.

A schléit en engem heemlech
De KIëppel knatsch op d'Nues,
Da rifft en haart: Strof Gottes!
An 't goung nach vill ze lues.

A kritt bei enger Quisel
De Geescht emol de Schnapp,
A werft se hirem Hellgen
Seng Schossel an de Kapp,

Da wäerd den Hellge ruffen:
Mäi Gott, déi ass besees,
A mécht all Exorzismen
A Konsten, déi e weess. -

Sou ma scholastesch Ploostre
Mam blanne Maulef Spott,
An ir di recht em bruecht gët,
Ass d'Déier laang kapott.

Den Iesel kann ee lueden,
Sou laang als hien nach trëppelt,
A soll de Bou och briechen:
Alt ëmmer dru geschnëppelt!

Esou gët d'Welt gefouert,
Ech féiren s'och net anescht,
An 't sinn deer Fiiss am Land hei
Net 'leng zu Schlënnermanescht.

Beim Scheefchen an de Wisen,
Do friesse mir mat Gras,
Bis datt et roueg idderzt,
Da ma mir eise Spaass.

Mir ginn och mat op d'Bittgäng
Fir Roum an nach féng wäit:
Mä wann d'Paschtéier wéissten,
Wat äis um Poopst och läit!

Se mengen äis ze féiren,
Mir féiren si um Seel,
Well fir e fetten Hinnchen
Ass Roum a Poopst äis feel.

Blous dat, wat bréngt en Notzen,
Dat hale mir fir weis:
Fransous och beim Champagner,
Beim Rhäinwäin si mer Preiss.

Wat läit mer un dem Kinnek
A wat um beschte Prënz,
Sou laang als ech ka schmëlzen
Mer selwer alt meng Mënz!

Wat ass dann och d'Getreiheet?
'T ass Aarmeletts-Gekniwwels;
Ech man als wi d'grouss Hären
An denken: 't ass näischt Iwwels. --

Ech wëll net weider schwätzen,
En aner muss sech ducken.
Dat sinn déi blannst vun allen,
Déi guer net wëlle kucken.

Sou sot de Fuuss a réckt sech
Op d'Ouer frou den Hutt:
Ma 't war dem Dachs onheemlech
Beim Renert do zu Mutt.

En duecht: Dat ass e wéischten,
A schlechter gët et keen,
Wat soss op zéng verdeelt ass,
Hien huet et beieneen.

Du sot en dann: Kuckt Monnonk,
Ech wëll dat hei iech son:
Wou d'Leit sech all veriren,
Duer soll e Fuuss net gon.

Spréingt dir da glaich an d'Feier,
Wann ech an d'Flame spring? --
Mä wat de Weise gro ass,
Dat ass de Gecke gring!

Well d'Wourécht fiirt um Iesel,
Den Onsënn rennt zu Päerd,
Zum Gudde geet e schlekeg,
Zum Schlechte ganz aläert.

Mer schwätzen all vum Ganzen,
Ma jéide suergt fir sech
A léisst dann d'Wuel vum Ganzen
Och fir eng Maus am Stéch.

Mer pléckten Abrikosen
Un allen Hecke gier,
Wie geet nun ower praffen
Am Bambësch d'Schléiwendier?

'T ass ëmmer wi Nécklosdag,
A Stiede wi um Duerf,
An 't steet bei allen Diren
E groussen eidle Kuerf.

Mer hätten all gier Mëtschen,
Nëss, Appel an e Bild,
Mä 't feelt um Zënnéckleeschen,
'T ass keen, deen dee gier spillt.

An ower d'Biirkerudden,
Déi kommen dënn an déck;
Well d'Land ass voller Noper,
An déi sinn d'Houserbéck.

Frou Määssegkeet ass Kiirmes,
Zefriddenheet erniert;
Ma kuckt, dat ass en Iessen,
Dat nëmmescht méi begiert.

All Schelme wëllen delen
Mer kenne jo déi Knueben --
All Jor, an dann am léifsten,
Wi d'Piissenger hir Kueben.

Se rose géint d'Gesetzer
A liewen ongebonnen,
Dir politesch Schwätzer
Wi domm an onbesonnen!

Dir baut gier Republiken,
An 't feelt iech un de Steng:
Geschiirbels huet der vëlleg,
An Ecksteng huet der keng.

Ons eiropéisch Bieren
Hu vill ze laangeg Patten,
An 't gët keng lëfteg Wuenecht
An onse Kasematten.

Déi schéinst vun onsen Nuesen
Huet Spaweck an de Lächer,
Den Haarki hängt ons hannen
Eraf bis un de Kächer.

Wat d'Freiheetsklucke bréien
Och bei dem beste Wëll,
Gët hei elauter Huenen
An net eng eenzeg Pëll.

Di Leit, déi wëllen huelen
Friem Reitpäerd zwëschent d'Been,
An déi fir hott- an harëm
Hunn Hiirzer als wi Steen;

Di Leit, déi fir e Groschen
Iech réisse vuneneen;
Di Leit, déi all Gesengnen
Hir Hand op d'Ae leen;

Di Leit, déi wëlle werfen
All Kesslen duercherneen,
Sinn dat Republikaner?
Ech menge, Renert, neen.

'T mécht keen en Huesenziwwi,
En hief dann d'éischt en Hues,
An déi dat do net richen,
Hu Klamen op der Nues.

Nu sinn di geeschtlech Hären,
Do gët da vill geschwat:
Deen een, deen nennt se Pafen,
Deen aner Nëmmersat.

Der Jomer, seet en aner,
Begreif déi droleg Zonneft:
Rëljoun hunn s'iweränzeg
An net e Batz Vernonneft.

'T si Kierzenhiercher, heescht et,
An Hexefeierbränn;
Se dreiwe Scharlakunda
Voll Politik um Enn.

A wann se missten iessen
Blann Grompren ouni Speck,
Da géiwe vill wuel hänken
Hiert helegt Kleed op d'Heck;

Hir Täschen hu grouss Schlécken,
Hir Säck hu guer kee Buedem.
Sou falen dack hir Tëtlen
Wi d'Krällen aus em Fuedem.

Ech weess och nu wuel selwer,
'T léisst vill sech driwer son:
Se sinn och hirem Meeschter
Net all jo nogeschlon.

Ma kuckt, se son ons d'Wourécht,
An d'Wourécht mécht gehässeg,
Deer maachen d'Leit Gesiichter
Méi sauer als wi Esseg.

Mir fuerdre vill vun hinnen,
Si fuerdre vill vun ons,
An zwëschen dreeg Bezieler
Ass allzait vill Gestronz.

Ech wëll iech eng verzielen
Vum Mann a vun der Fra.
Hie kënnt eran an d'Kichen,
Si puddelt an der La.

An hire klenge Béifchen,
Dee krabbelt un em Dëppen
A reift seng schéi rout Baken
Voll Rouscht mat béide Grëppen.

Do jaizt de Mann der Frächen:
Du Ruckels, kuck dat Kand!
Ech son, du solls et wäschen!
Ass d'Waasser vlaicht verbrannt?

Du spréngt d'léif Fräche géint en,
Se staipt hir Hänn an d'Sait
A jaizt: Du dreckegt Schuerzfell,
Nu looss mech ongehait!

Wat wëlls de mech vernennen?
Ech son der, schwätz méi lues,
Patréiner vun de Knaschtpäck,
Mat 11 un der Nues!

Nu gët de Männche gëfteg,
Jaizt Rampelfatz a Knëpp!
Do fiirt der gudder Frächen
D'Gedold dann aus der Strëpp.

Se hëlt e Grapp am Äschdoch
A werft em deen op d'Lëffen;
De Männche lääft zum Kessel,
Hëlt Rouscht mat béide Grëffen

A reift sai Rousenengel
Sou schwaarz als wéi en Héil.
En Noper koum, do sot en:
Do hutt der wuel, meng Séil!

Mat Botzen a mat Wäschen
Do gët kee Bauer raich;
Nu sid dir schéin zefridden
An allen drai iech glaich.

Esou, gesitt wuel, Monnonk,
'T ass kee vun ons gedëlleg;
Ass Strait an engem Hausstot,
Si Mann a Fra dru schëlleg.

'T bleift vill derbai ze wënschen;
Mir sinn ze vill oniirdeg,
An d'Geeschtlech man alt Feeler,
Soss wär dat Schéinst jo fierdeg.

Kuckt, wann s'och féiert d'Hénkel,
Da bleift en Hong dach d'Kluck;
E Geeschtlech ass keen Engel
An och keen Hingerjuck.

Ma kënnt e Mann mer d'Prouf man,
Se wire Wollefsbeem
An hien dréit Härebiren,
Dann héil ech alt mat deem.

Ech wëll di Sach verglaichen
Mat engem Bur am Flouer,
Geféiert bis op d'Wäsch iech
An d'Kichen duerch e Rouer.

Wann nu vum klore Bierchen,
Deen duerch de Rouer spillt,
Sech lei an do e Fräschchen
Och an dem Rouer zillt,

A kënnt de Fräsch un d'Wutschen
An d'Waasser bréngt e mat:
Wat sollt dir iech entbutschen?
Dir schäfft en aanre Patt!

Dir werft net zou e Biirchen,
Well d'Waasser ass ze gutt! --
Nu follegt engem Wiirtchen,
Da wësst der, wat der dutt:

Donk aanre wi dir selwer,
Da'ss d'Wuerzel an de Bam.
All Beemchen huet och Blieder,
Déi fléie wi den Dram.

Dat Wuert ass net geléiert,
'T versteet et gidwereen;
Ma hu mer aus tornéiert,
Da follegt em bal keen.

Géint aner jaizt mer: hareg!
Vu sech do schwätzt mer lues,
An 't hätt ee vëlleg Aarbecht
Mam Schnapp a senger Nues.

Mer kënnen all schéi schwätzen
Als wi eng Geieseet;
Ma d'Wollefsschwänz verstoppe mer
Heemlech ënn'rem Kleed.

Mer glaichen den Ältären,
Esou gemunnt et mech:
Vir hu mer blénkeg Fuerwen
An hanne Wuremstéch.

Mer hunn als wi al Triichtren
D'Gewëssen all zerbëlzt;
Gitt un de Beschte richen,
Da fant der, datt e wëlzt.

Der laaft dem Globjeskrëschtes
Och dës Sait aus de Féiss
Da gët den Här Bonjour iech
Do iwwer méi haart Stéiss.

Sou ass et an sou bleift et,
An d'Welt ass iwwel druen!
Mer wëllen d'Saach verbessren
A fänke queesch et uen.

Friem Feeler auszeschniewlen
Do si mer ganz mändéideg:
Den aanre gi mer d'Brigel,
Mir selwer hunn se néideg.

Héil gidwereen sain Hausstot
Sou renglech wéi e sollt,
Da wär am Land op eemol
All Schmotz ewech geholt.

Sou fonten se ze sproochen
De ganze Wee genuch;
De Fiissche schwat als Schellem,
Den Dachs als wi e Buch.

Om Plankebierg bei Blaaschent
Begéinen se den Af
Mat senger Këscht om Bockel;
E goung als Photograph.

De Léiw hätt gär e Portrait
Vun engem Liberalen,
Die grad op d'Volleksfräiheet
Als wi op seng géif halen.

Och wënscht en sech en Älbum
Vun alle Gottgeschenken,
Déi un de Klackeseler
Als Wahlpatréiner hänken.

Dat Éischt ass dënn ze richen,
Vläicht sicht een 't ëmmesoss,
Déi aner si ganz hefeg,
Besonnesch déi vu Goss.

Du sot den Af zum Renert:
Här Fuuss, wi geet et? Gutt?
Sieft dir guer net ledeg
A schäfft dir frësche Mutt!

Dir huet nach Frënn, dat wësst der,
A méi nach als et schingt.
Ech brauch iech net ze rieden,
Wivill schons een iech dingt.

Do ass meng Fra, onst Babel,
Déi steet beim Kinnek breet;
A kann se lass iech maachen,
Dat wär fir si eng Freed.

A braucht dir och zéng Zeien.
Dir kritt se: dir huet Geld,
An domat dreift een d'Wourécht
Duerch Ligen aus der Welt.

Ech danke, sot de Renert,
Här Mäerten, fir de Rot;
Gutt Réit si wuel ze brauchen,
Als wi mäi Papp dack sot.

Se goungen an se koumen
Beim Kinneksschlass och un.
Vill Mutt krut do de Grimpert,
De Fuuss war iwwel drun.

Kuraasch! sot Dachs zum Renert,
A weist iech hei als Mann!
Bedenkt nu, datt de Kingen
Sech d'Gléck erzwange kann!
 
Bedenkt, all Schrom dee lait nun
Om Dësch an engem Streech,
Tromp-Äss dran, Fuuss! a sid mer
Am Léien dach net weech!

Der huet et vun der Échel,
Nu maacht och, datt et dingt,
An huet der den Tromp-Äss net,
Da maacht en aus der Ningt!